AUDIO: Flunkernews 06/17 vum Serge Olmo

Valentinsdag: Fir géint den Dekret vum Trump ze protestéieren dee virgesäit eng Mauer tëscht Mexiko an den USA ze bauen, treffen sech all di Verléift op der Amerikanesch-Mexikanescher Grenz. De 14. Februar ass do Wall-entinsdag.

Dekret provisoresch gestoppt: Et goufe jo provisoresch Leit aus 7 majoritär moslemesche Länner net méi an d’USA era gelooss. Si goufen deemno op den amerikanesche Grenzen rejetéiert. Dës Länner hunn de G7 Natiounen matgedeelt si géifen sech als «Rejet 7» Natioune regruppéieren.

Regierung net seriö geholl: Dem Trump seng Ministeren gi majoritär als Witzfiguren ugesinn an et ass méi wéi eng Kéier “Trump Fuck You” an de villen faarwegen Maniffen ze liesen. Iergendwéi passt dat an dës Faschings-period. D’Ministeren sinn zu Fashington an d’Leit op de Maniffen Fuck-kleeden sech.

De Bausch wiert sech: Den Transport- an Nohaltegkeetsminister huet dëser Deeg Problemer mat den Automarken. Hie gräift VW un wéinst den Ofgaser an Sténge-Ford wéinst dem Flüchtlings Containerduerf…

Cyclocross Weltmeeschter an Diskussioun: Dem Belsch Wout Van Aert, dee bei eis zu Bieles d’Cyclocross WM gewonnen huet, gëtt Motor Dopping virgehäit. Hie soll e mini Motor a sengem Vëlo hunn. Verschiddener verwiesselen jo d’Disziplin Cyclocross mat Moutainbike. Vläicht gëtt et geschwënn de Cyclocross mat Motor; dat wier dann Wout-ainbike.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...