AUDIO: Flunkernews 7/17 vum Serge Olmo

Bleift hie Kandidat? ëmmer méi vun deene déi fir den Fillon wollten wielen wäerten dat wéinst dem Penelope Gate net maachen. De Kandidat wëll elo fir seng Popularitéit nees an d’Luucht ze kréien en Timber vu sech op de Maart brengen. Wéinstens beim Pechen mat der Zong vun de Bréiwer kritt hien
É-leck-teuren.

Allergie: Virun e puer Deeg war jo d’Diskussioun opkomm wéinst dem «Platzverweis» also d’Diskussioun ob déi Leit déi heeschen, mussen verjot ginn oder net. Verschidde Bierger hunn anscheinend géint déi Persounen déi heeschen eng Allergie entwéckelt. Ëmmer méi Leit hu nämlech den Heesch-schnapp.

Visitten am Wäissen Haus: Bei der éischter ganz wichteger Visite hat den Trump dem Japanesche Premier seng Hand bal net méi lass geloss. D‘Diskussiounen gounge vill ëm e méi fräien Handel mä wéi den Trump him d’Hand ginn huet war keng Spuer vu Fräi-hand-elsofkommes ze gesinn.

Grammys : Verschidden auslännesch Artisten kruten wichteg Präisser wat den Trump awer absolut net gefreet huet. Den amerikaneschen President ass definitiv géint d’Grammygranten…

2 Mol Emplois fictifs:
Genee wéi d’Penelope Fillon ass jo och och d’Marine Le Pen am Fokus vun der Justiz wéinst „Emplois Fictifs“. Well et ëm de selwechte Sujet geet gëtt dacks vu « Le Pen-elope Gate » geschwat.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...