Equipe de France: Di franséisch Nationalequipe hat jo hire Stage zu Clairefontaine (dat ass eng bekannte Marque vu Bléck a Pabeier) an ass dunn en Donneschdeg um Findel gelant. Hire Bus ass en Ëmwee iwwer d’A3 an d’A4 gefuer fir op de Stadion. Di Equipe ass a fillt sech einfach gutt um Pabeier.

CSV-Kongress:
De Kongress war am Tramsschapp um Lampertsbierg an de Moto war "e kloere Bléck fir d’Land". Komesch, datt di Strooss, di ganz no beim Tramsschapp ass, rue Jean l’Aveugle heescht.

Pëtrolsdepoten
: Käerjeng kritt elo e Pëtrolsdepot. Wahrscheinlech wäert do no der Gëlle Fra eng Schwaarz Fra ausgestallt gin. De Pëtrol gëtt jo och "schwaarzt Gold" genannt.

Krich a Libyen:
D’Pëtrolsraffinerien dohanne sollen op kee Fall zougemaach ginn. Och wann de Leader einfach net méi raffinéiert gëtt da wéinstens de Pëtrol ...

Kleng Polemik am Kader vum Match vum Joer:
Am Virfeld vum Match géint Frankräich sollt eng Meederchersequipp Tricker mam Ball weisen. D’Trainerin huet awer refuséiert, well och bei de Meedercher ëmmer nëmmen vu Jong-gléiere geschwat gëtt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...