Den Trump erfënnt en Attentat: Den Amerikaneschen President huet wéi bal all Owend di Schwedesch Noriichten gekuckt an huet gemengt ze héieren datt vun «Terrorist Försök» geschwat gouf wat «Terroristeschen Attentat» heescht. A Wierklechkeet haten si awer vun «Terrorist Försö» geschwat wat «Terroristesch Regreten» heescht. Dat ka jo mol virkommen.

AUDIO: Flunkernews 8/17 vum Serge Olmo

Pence beim Juncker: De Kommissiounspresident wëll jo keng 2. Mandatsperiod unhuelen. Hoffentlech huet hien och den US Vizepresident an dem Trump seng ganz Equipe iwwerzeegt fir dat och esou ze maachen. Vläicht hunn di 2 also vun hirer Pence-sioun geschwat.

Le Pen fir d‘éischt bei engem President: Et gouf awer zu Beyrouth e Skandal well d’Le Pen de Voile net wollt undoen fir de Grousse Mufti, den wichtegen reliéiesen Responsabel, ze gesinn. D’Le Pen wollt mat dem Voile net ausgesinn wéi eng Nonne obwuel et gewosst war datt et Traditioun ass an dat war virun allem jo am Liba-Nonne.

De Kim Jong Un accuséiert: Vill Leit soen datt den knallhaarden Nordkoreaneschen Diktator soll de Mord vun sengem Hallefbrudder organiséiert hunn. Fir säin Hallefbrudder z’eliminéieren gouf gewaart dat hien a Malaysia war well dat eng Hallefinsel ass.

Neien US Sécherheetsberoder: Mat dem neien Mann McMaster kann ee vläicht e Schimmer Hoffnung hunn datt dësen e bëssen oppen ass. Mam Flynn, deen demissionnéiert huet, wier et ganz sécher e Sécher-hates Beroder ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...