AUDIO: Flunkernews 9/17 vum Serge Olmo

Chaos bei der Oscar Zeremonie: Di ultra sophistiquéiert Hollywoodwelt huet sech virun der ganzer Welt blaméiert. Am Schluss vum Joer wäert d’Gaffe vum Bonnie and Clyde Star an all Beatty-sier ze gesi sinn.

De Fillon mam Réck widdert der Mauer: Dës Woch gouf dem Kandidat vun der Droite säin Appartement perquisitionnéiert. Wéi d’Police koum war d’Penelope Fillon net doheem. Si war am Parlament.

Groussen Drock op de Pence: Den Amerikanesche Vizepresident den wéi dem Trump seng ganz Equipe kritiséiert gëtt wéinst Kontakter mat Russland, huet genee wéi d’Clinton seng privat Mail Adress benotzt fir offiziell Mailen. Wat awer méi intrigéiert ass datt eng vu sengen privaten Mail Adressen mikhail.penceov@aol.com ass.

Di amerikanesch Press ausser sech: Ënnert dësem President ass et net méiglech uerdentlech ze schaffen soen di Amerikanesch Journalisten ganz däitlech. De Beweis ass datt der ëmmer méi an d’Türkei auswanderen.

Lëtzebuerger Europadeputéierten onerwënscht: Nom Brexit wou
Eng-land den haapt Protagonist ass gëtt et elo am Aserbaidschan en
Eng-elxit.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...