
Exklusioun: Op nationalem Plang hu mer och eise klenge Brexit. De Joe Thein muss aus dem ADR eraus. Komm mer ginn der Affär net ze vill Wichtegkeet. Beim Brexit geet et ëm enorm vill. Hei geet et nëmmen ëm e kontroverséierten Politiker och wann et de Grande Bre-Thein ass.
Panama Papers: De Minister Gramegna huet sech misste rechtfeärdegen wéinst enger Mail wou Consignen solle geschriwwe gi sinn. Komesch datt u sech keen di Mail krut. Si ass vläicht bei de Spammen gelant. Dat wier net esou verkéiert fir d’Spam-anama Papers.
Den Inneminister aktiv: Et geschitt eppes an 2 vu sengen Dossier; am Kontext Syfel/Bistum/Paren an och bei der Kompetenz vun de Pecherten. Dem Minister no werten d’Pecherten an Zukunft och kënnen enquêtéieren am Dossier Syfel/Bistum. Hoffentlech ginn et net ze vill Protokoller wéinst falschem Par-ken...
Weltfraendag: Op der ganzer Welt war den 8. Mäerz de Symbol fir de Kampf vun de Fraen de Pussy Hat. Firwat soll dat dann de Symbol fir d’Fraen sinn? Et ass bestëmmt well een Pussy “Hat” seet a net Pussy “Hien”...
Satiresch Zeitung: A Frankräich bréngt de Canard Enchaîné de rietse Kandidat Fillon enorm a Schwieregkeeten. An Amerika misst et och esou eng Zeitung ginn fir d’Wourechten iwwer de President an d’Republikaner eraus ze bréngen. Déi kinnt jo de «Republicanard Enchaîné» heeschen...
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...