
Summerzäit: Viru kuerzem louchen nach an de Bijouterien d’Braceleten, d’Réng an d’Ketten no bei der Vitrine. Elo gouf dat geännert an d’Aueren an d’Weckere stinn elo ganz vir bei der Vitrine. D’Bijoutieren hunn tatsächlesch e leschte Sonnden d’Aueren no vir geréckelt.
Fëmmgesetz: Et soll jo elo geschwënn net méi gefëmmt ginn a de Bistroten, Caféen, Diskoen... Virun allem soll dat awer streng an de Bare kontrolléiert ginn, annoncéiert de Minister Di Bar-tholoméo.
Abrëllsgeck: Um RTL gouf jo den 1. Abrëll gesot, datt Péngschtdënschdeg Schoul sollt sinn, dëst grad op deem Dag, wou di Iechternacher un den Hellege Willibrord gedenken. Di meescht Schoulmeeschter wiere souwisou net schaffe komm. Si hätte sech bestëmmt Sprangstonne geholl.
Bosnien ass vun der FIFA gespaart: Well 3 Presidenten un der Spëtzt vun der Bosnescher Federatioun sinn, gëtt dës elo gespaart. Ee Boss wier duergaangen, et sinn der deemno zwee ze vill bei der Bos-nescher Federatioun.
Sportler an Affären: De bekannten hollännesche Nationalspiller Marc van Bommel huet eng Affär opgemaach, wou hien Schoklas Ouschterëer produzéiert. Esou ähnlech wéi bei eis gëtt et och elo an Holland eng ”Affär Van Bommel-Ëer”.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...