Laptoppen a Tablets verbueden: Verschidde Fluchgesellschafte verbidden op verschiddenen Destinatiounen, datt dës Apparaten als Handgepäck kënne matgeholl ginn. Dat ass zwar immens schued, well am Fliger konnt een emol eng Kéier wierklech op enger Cloud schaffen…

AUDIO: Flunkernews 12/17 vum Serge Olmo

De Vizepremier an der Tierkei: Et goufen an dëser Krisenzäit tëscht der EU an der Tierkei net vill Kontrakter ënnerschriwwen a wann, da just am Secteur vum Fastfood. All di ënnerschriwwe Kontrakter waren keng décker mä ganz Döner.

Premier geplot: Hien huet sech an d’Affär SYFEL/Bistum gemëscht an hien ass d’Office an der Oflauschter Affär vum SREL mat dran. Bei der éischter Affär ass hien als Kultusminister dran an bei der zweeter vläicht als Ecoutultusminister…

Sproochen gefërdert: Bei de Kanner vu 0 bis 4 Joer kréien d’Lëtzebuergescht an d’Franséischt an Zukunft ëmmer méi Wichtegkeet. Wann een an de Crèchen Zoppe mécht, sollen et och Buschtawen Zoppen sinn; nëmmen datt et net liicht wäert ginn en „é“, en „ë“ oder en „è“ als Zoppebuschtaw z’entwéckelen.

Match vum Joer: Zéngdausende Supporter wäerten op de Stade Josy Barthel kommen a vill vun hinne wëssen net, wou eis Radare stinn. Ganz vill wäerten deemno geblëtzt ginn, en plus wäerte si och ganz Blo sinn, mä dës hu net onbedéngt eppes gedronk.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...