D‘Kate Windsor geschwë bei eis: Firwat kënnt d’Duchesse vu Cambridge grad op Lëtzebuerg fir den Traité vu London ze feieren. Et ass net ëmmer alles logesch. De leschte Week-end goufen di 60 Joer Réimecher Traité jo och net zu Réimech gefeiert.

AUDIO: Flunkernews 13/17 vum Serge Olmo

De Brexit; wat eng Dommheet! Schuet datt de Brexit keen Dekret ass wéi beim Trump. Éischtens well dat bei De-kret Britain géif passen an zweetens well da vläicht e Federal Judge dat Ganzt eventuell kinnt stoppen.

De Brexit offiziell: Wou dat decidéiert gouf war eisen Ausseminister op Aarbechtsvisite am Kosovo a Serbien an am Montenegro. Et war besser am Balkan ze sinn wéi dem Terrassa May no ze lauschteren.

Petitioun géint d’First Lady: Dausenden Leit hunn eng Petitioun ënnerschriwwen well et ze deier ass d’Securitéit an der Trump Tower ze garantéieren esou datt d’Melania Trump an d’Wäisst Haus soll wunne goen. Et ass erauskomm datt och den President Trump diskret d’Petitioun ënnerschriwwen huet…well hien d’First Lady vermësst.

Lëtzebuerg Cap-Vert um Holleschbierg: De Selectionneur vun de Roude Léiwen wollt anscheinend géint di fréier portugisesch Kolonie onbedéngt zu Hesper spillen. Muencher mengen et wier well dee Bierg wou gespillt gouf op portugisesch Holtzschbierg heescht.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...