Kandidatelëschten: D’Parteien hunn a ville Gemengen hir Kandidatelëschten publizéiert. Et sinn Männer, Fraen, jonker, manner jonker an aler drop. E Kand ass allerdéngs natierlech ni drop esou datt een sech freet firwat een da grad vu Kand-idatelëscht schwätzt?

AUDIO: Flunkernews 14/17 vum Serge Olmo

Ästhetesch Operatiounen: Ëmmer méi Fraen probéieren dem Trump senger attracktiver Fra a sengem Meedchen ze gläichen andem si plastesch Operatiounen maachen. D’Melania an d’Ivanka Trump haten sech jo hir Broscht vergréissere gelooss. Fir d’Supporter vun der Trump Famill kann ee vun Uni-Titts States of America schwätzen.

Sträit Syfel-Kersch: Et gi jo di nächst Zäit vill Kierchegebaier ënnert d’Leit. Elo huet sech eng Immobilienagence gegrënnt déi Kierchen an aner Bistumgebaier wëll vermëttlen. Dës katoulesch Agence huet e Katalog wou alles dra steet a si heescht „Agence Immobiblière“.

Manner Abréch: D’Zuel vun den Abréch ass zejoert drastesch erof gaangen dëst besonnesch well ëmmer méi Leit hir d’Haus elektronesch schützen. Di Anlagen déi verhënneren dat d’Leit aarm ginn well duerch si vill Abréch evitéiert ginn, heeschen komescherweis „all Aarm Anlag“…

Miel op de Fillon: De Kandidat vun der Droite gouf zu Stroossbuerg mat Miel beschoss. Hien dee grad esou wéi d’Kandidatin vum Front National Problemer mat der Justice huet hat d’Hoer esou wäiss wéi di extrem riets Kandidatin. De Fillon gouf deen Dag vu muenchen Farine Lepen genannt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...