Et ass elo di richteg Zäit, fir Summerpneuen opleeën ze loossen an d’Stroossen an d’Rei ze setzen: D’Lëtzebuerger sollen dat vum Premier gesot kréien an enger Chamberssëtzung iwwert d'"Ried-er zur Stroosse-lag vun der Natioun".

Vill Flüchtlinge wéinst schlëmme Regimer:
Virum Summer gëtt den Drock vun de Moudezäitschrëften op d’Fraen ëmmer méi grouss. Elo geschwënn gëtt et eng nei Well vu Flüchtlingen, déi aus de Länner fort lafen, well si di streng Regimer net méi packen.

Penibele Retour: Ganz vill enttäuschte Flüchtlinge ginn zeréck an hir Heemecht geflunn. Um Réckwee gëtt di ganz Roserie eraus gelooss an di schlëmmste Wierder gi benotzt. Net all Gesellschaft setzt d’Fliger zu Verfügung, mä just e puer speziell Fluch-gesellschaften.

Et ginn zevill gutt Bicher iwwer d’Atomkraaft geschriwwen:
Dowéinst ass e Malentendu entstanen. D’Leit hu gemengt, di däitsch Kanzlerin géif wëlle manner Reaktore funktionéieren loossen. Si wollt awer just nëmmen, datt et manner gutt Bicher gëtt iwwert d’Reaktoren; also manner Atomkraaft-Wierker.

Eise Cyclocross-Champion Jempy Drucker kënnt gutt un:
Op den Handye gi jo ëmmer méi Fotoe gemaach, déi een dann erausdrécke muss. D’Smartphones schaffen ëmmer méi mat Imprimanten. Kee Wonner, datt Formatiounen wéi en "Team HTC" en Drucker gebrauche kéinten.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...