AUDIO: Flunkernews 16/17

Entrevue Emmanuel Macron-Xavier Bettel: Dee Meeting sollt geheim gehale ginn, mä nodréiglech gouf heiriwwer ganz vill geschwat. Erstaunlech ass, datt vill manner geschwat gëtt iwwert d’Geheimréunioun Marine Le Pen-Joe Thein.

Lëtzebuerg Weltmeeschter: Dëst an der 3. Divisioun am Äishockey. Wann een d’Weltmeeschter wëll gesinn da kann een hiren Training op der Kockelscheier suivéieren. Kee Wonner datt een an enger Scheier Kéi gesäit, an dësem Fall eben Äishoc-kéi.

Traureg traureg: Anscheinend ass den Attentäter vun der leschter Woch op den Dortmunder Bus e Kriminellen deen sech Suen op der Bourse wollt maachen. Deen Typ ass esou domm an huet gemengt et misst de Bus vu Bourse-ssia Dortmund sinn.

Ugezweiwelt Resultater: Genee wéi zejoert a Syrien wou d’Baath-Partei d’Wahle soll gewonnen hunn gëtt et haut grouss Zweiwel, datt de Referendum an der Türkei tatsächlech vum Pouvoir gewonnen gouf. A béide Länner hat de Pouvoir vill Propaganda an den Hammamen gemaach. Et gëtt och vun Turkish Baath geschwat.

Nordkorea géint de Recht vun der Welt: Et huet een einfach d’Gefill wéi wann keng Kommunikatioun besteet. Di westlech Länner wëlle keng Atomtester méi mat Rakéiten an de Kim Jong Un seet „Re-fusées“. Dat ka näischt ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...