
Scho nees e falschen Bommenalarm : Vill Leit sinn esou lues traumatiséiert besonnesch wann all puer Deeg esou en falschen Bommenalarm duerch d’Medien geet. Fir bei esou eppes ze léien ass ënnert aller Klarinett. No der Bommeleeër Affär gëtt dann elo eng Bommen-léien Affär.
Penibel Pann: Beim éischte Versuch hat dat jo net geklappt mat der Ried zur Lag vun der Natioun well de Sound net gutt war an all Mënsch iwwert d’Technik um Krautmaart geschwat huet. Et war u sech d’Ried zur Anlag vun der Natioun.
Etat de la Nation net um Dënschdeg: Duerch déi Pann ass opgefall wéi politesch gehandelt gëtt. D’Parteien haten schonn hier Kommentarer geschriwwen an d’Mailen scho prett fir Mëttwochs Mueres un d’Press ze verschécken. Verschiddener goufen anscheinend och automatesch verschéckt… dat obwuel de Premier u sech nach näischt gesot hat.
Europa hält den Otem un: Den 2. Tour vun de franséischen Presidentiellen ass jo de 7. Mee a ganz Europa fäert datt den FN gewënnt. „Marine“ gëtt am Däitschen dacks mat „See“ iwwersat an huet och vill mat See ze dinn, hoffentlech awer herno net am ElySee…
2018 kënnt de Videobeweis: Op der WM a Russland gëtt dat am Fussball agefouert an dat mam Accord vun de Russeschen Autoritéiten. A propos Russland; wier et net emol besser datt mer de Videobeweis géifen a Syrien aféieren ?
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...