Kriminalitéit a Spideeler: Am CHL goufe jo Endoskopen am Wäert vun 800 000€ geklaut. No enger kuerzer Enquête koum eraus datt et eng Band vun An-Aarsch-isten war.

AUDIO: Flunkernews 18/17

Kee Wikipedia méi an der Tierkei: Et gëtt ëmmer méi schwéier sech z’informéieren mam Alibi et wieren iwwerall Supporter vum Fetullah Gülen ze fannen. Fir Informatiounen ze kréien, dierfen si an der Tierkei dann iwwerhaapt googülen?

Brutalen Presidentschafts-Debat: E Mëttwoch huet d’Kandidatin vum Front National Saache vu sech ginn déi schockant waren. De CSA (Conseil Supérieur de l‘Audiovisuel) hat fir d’éischt an de Mediegeschicht, nach während dem Debat, decidéiert de Logo -12 op den Ecran ze setzen wat TF1 a France 2 awer refuséiert hunn.

Penibelen Plagiat: D’Le Pen hat jo virun e puer Deeg en Deel vum Fillon senger Ried carrement eent zu eent op engem Meeting nogeplappert. Wann ee gutt gekuckt huet dann huet ee gesinn datt d’Kandidatin vum Front och ee vum Fillon sengen vill diskutéierten deiere Paltonen un hat.

Den Giro ass am Gaang: Respekt fir all d’Cyclisten a besonnesch elo fir all déi déi beim Giro matmaachen. Déi Athleten fueren Dausenden an Dausende Kilometer als Training. De Beweis ass datt een keen esou dacks op Fotoen vu Google Earth gesäit wéi d’Profi Cyclisten…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...