Iwwerraschung bei der Pensiounsreform: D’Gewerkschaften, de Minister Di Bartolomeo an d’Lëtzebuerger Vollek si sech eens. Et soll een esouguer virum 60. Liewensjoer an d’Pensioun kënne goen ... Mer schwätzen hei natierlech vun der Pensiounsreform vun den Atomzentralen.

Pollenallergie
: Op der Sauer ass en Duerf zanter Joeren ganz vill belaascht. Grad elo am Abrëll si vill Bléien an der Loft, well di nei Awunner Planze matgeholl hunn aus Serbien, Mazedonien ... Well di Leit esou allergesch sinn, gëtt dat Duerf och Pollendorfer Bréck genannt.

Hochzäit vum Joer: Et gëtt ëmmer méi vun der Hochzäit vum Kate a vum William geschwat. Zu London ass et de Wahn. Hir 2 Réng vu London 2011 sinn eng ganz gutt Virbereedung op di 5 olympesch Réng vun London 2012.

Enquête no der Festnahm vum
Gbagbo: Bei der Festnahm vum Ex-President vun der Cote d’Ivoire solle komesch Saache gelaf sinn mat amerikaneschen a franséischen Zaldoten. Et fäert een an Amerika ronn 30 Joer no der Affär Water-gate eng Affär Ouattara-gate.

Chuten am
Paris-Roubaix: D’Favoritten Tom Boonen a Sylvain Chavanel si vill gefall op de Pavéë vu Paris-Rubaix. Kee Wonner. Bei hirer Equipe Quick Step, wat eng Marque vu Parqueten ass, sinn si gewinnt, op enger glater Surface ze fueren.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...