Katevisite: D’Duchesse vu Cambridge huet sech besonnesch mat eise wichtegsten politesche Responsabel immens Wuel gefillt. D’Englänner fuere jo op der lénker Säit. Si huet dat besonnesch appreciéiert mat verschiddene Leit zesummen ze sinn déi och lénks verkéieren…

Neie Presi: Eréicht 2016 am Mäerz gouf de Mouvement « En Marche » an de Registre de Commerce ageschriwwen. Den Trump huet dem neien Franséische President Macron felicitéiert besonnesch well et säi Mouvement eréischt zanter Mäerz zejoert gëtt. Hien fënnt et deemno och ubruecht datt de Mouvement « En March » heescht.

Europa vs Brexit: De neie President Macron ass jo kloer fir Europa. D’Teresa May hat scho gehofft datt wéinstens d’Première Dame europaskeptesch wier. Si heescht zwar Bridge-t mä ass sécher net fir de Bréck-xit.

Politesch Welt op der Kopp: Et gëtt vill am Frankräich iwwer d’Alianzen vum neien President geschwat. Et hat onméiglech geschéngt datt hien eng Allianz agoe géif mam ex President vun de Kommunisten Robert Hue well PC a MAC-ron; dat kann eigentlech net funktionéieren.

Falsch Bommenalarmen: De Schëllegen gouf fonnt an ass schonn an engem Prisong zu Nancy-Maxiville festgeholl. Obwuel et also am Prisong war vu wou hien ugeruff huet, war et iwwer GSM an net iwwer Festnetz…

AUDIO: Flunkernews 19/17

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...