AUDIO: Flunkernews 20/17

Alt nees an der Aktualitéit: «Frisbee» war jo d’Codewuert fir di 3 CDen wéinst deenen de SREL-Skandal un d’Rulle komm. D’Bommeleeër Affär an de SREL-Skandal kommen jo ëmmer nees zréck dofir wier d’Codewuert «Boomerang» besser gewiescht wéi «Frisbee» oder vläicht esouguer d’Codewuert «Bomme-rang».

Macron an Equipe: De neie franséische President huet u sech gewonnen ouni eng richteg Politesch Famill ze hunn. Hie fiert mat senger Logik virun well hien huet e Premier nominéiert och ouni richtege Famillienumm well den Eduard Philippe huet am Fong 2 Virnimm… 

Trump a Russland: Den US President huet Geheimnisser u Russland ginn; vläicht ass hien awer Geheimnisser gewuer gi vum Lawrow an doriwwer schwätzt keen. Anscheinend huet de Russeschen Ausseminister dem Trump nämlech gesot wien de Putin sech als neie Mann un der Spëtzt vum FBI kinnt virstellen. 

Assange bal fräi: De Wikileaks-Grënner ass geschwë fort aus vu der Ecuadorianescher Ambassade. Eng Plaz gëtt nämlech geschwënn an däer Ambassade gebraucht well ee President wahrscheinlech wäert flüchten mussen well hien geheim Dokumenter u Russland weider ginn huet.

Giro; e neien Sprint Kinnek: De Kolombianer Fernando Gaviria ass absolut net ze stoppen an huet scho 4 Etappen gewonnen. Deen eenzegen deen hien eventuell kinnt bremsen wier e Motocyclist vun der Italienescher Police; frot emol vläicht d’Equipe Sky…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...