Trump on Tour: Direkt no senger Destinatioun zu Jerusalem beim Uelesch-bierg ass hien bei de Poopst Franziskus geflunn dee mam richtegen Numm Jorge Mario Berg-oglio heescht woubäi Olio op italienesch Uelesch heescht…

Di 1. Auslandsrees: Den amerikanesche President huet anscheinend déi symbolesch Destinatioun, an zwar d’Golfstaten eraus gesicht, net wéinst economeschen oder politeschen Ursaachen, mä well hien e fanatesche Golfspiller ass…

Giro a Gesondheetsproblemer: Den Tom Dumoulin huet jo am Rosa Maillot, virun de Kameraen, missten vum Velo klammen well hien Duerchfall hat. Den aktuelle Numm vum Dumoulin senger Equipe ass Sunweb; initial war de Numm vum Mann mam Duerchfall senger Equipe Chi-mano.

Football-Leaks : Argentinesch Nationalspiller wéi den Angel Di Maria an de Javier Pastore vum PSG sinn am Viséier vun der Justice wéi scho virun de Football-Leaks de Lionel Messi. Bei deenen 3 soll mat Suen gefuddelt gi sinn. Et ass am Fong deen Zoufall datt all dës Staren déi mam Geld fuddelen Argent-tiner sinn.

San Marino 2017: Et esou wäit. Eis Delegatioun ass op de Spiller vun de klenge Länner. Am Verglach zu den Olympesche Spiller sinn di sportlech Minimaen kleng a natierlech och de Budget. Esouguer d’Plaz wou vill Delegatiounen a Journalisten wäerten wunnen passt an di Linn well et ass Ri-Mini.

AUDIO: Flunkernews 21/17

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...