Skandal bei der NATO Foto: 10 Leit waren op der Foto wou d’Partner vun de NATO Responsabel drop waren mä de Partner vun eisem Premier gouf vum Wäissen Haus net ernimmt wat traureg ass. Vü datt se zu 10 waren, war dat d’Foto vun de «First Les dix»…

AUDIO: Flunkernews 22/17

Nuetsmarathon: D’Kenianer gewannen esou ze soen ëmmer bei dësem Marathon. D’Haaptstad aus hirem Land ass jo «Nai Robi». Di kenianesch Athleten fille sech hei zu Lëtzebuerg richteg gebuergen virun allem well deen den de Marathon moderéiert de «Nai Camille» ass.

Trump géint Jiddereen : Hie war immens isoléiert um G7. Virun allem huet sech di Britesch Premier Ministerin opgereegt well d’USA geheim Informatiounen weider ginn hat a well den Accord vu Paräis net agehale gëtt. Den UNO Chef war méi wéi zefridden mat der Premier Ministerin. Hien heescht jo och Antonio Gutt-terese.

G7: Taormina war während dem Sommet en «état de siège». D’Definitioun vun dem Wuert kënnt aus dem Latäin wou «sediculum» Stull heescht. A Realitéit heescht dat awer datt eng Plaz komplett verrigelt ass. Egal; «état de siège» passt bei dës Plaz well et war op « Sitz-ilien ».

Tour de Luxembourg: Vill Cyclisten wäerten während den Etappen vun eise fixe Radaren geblëtzt ginn. Kréien si och Punkten ofgezunn am Fall vun enger Infraktioun? Deen den de bloen Maillot kritt an zwar de «Maillot à Points», ass dat dann deen den di meescht Punkten bei de Radaren gesammelt huet?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...