Léck-Baaschtnech-Léck: De Philippe Gilbert huet jo di 2 éischt Adrenneklassiker gewonnen a wëll och den 3. gewannen. Virum Depart vun der Doyenne huet hien e Wonsch. Hie wëll op kee Fall den Dossard 203. Hie seet nämlech « jamais deux cent trois ».

Ouschteren: Den Numm Pascal, den heescht "op Ouschtere gebuer", huet och eng weiblech Versioun an zwar ass dat Pascale. Dat ass eigentlech logesch. Et ass dat Pascal mat engem "Ee" hannendrun.

Wahlen a Finnland: D'Leader vun der nationalistescher Partei "Richteg Finnen" wëlle net fir di Länner bezuelen, déi en Defizit hunn. Et ass am Fong komesch, datt déi Instanz, déi sech ëm d’Economie an Europa këmmert, grad Eco-Fin heescht.

Anniversairen: Zu Tschernobyl ass elo dee ganz trauregen 25. an domatter also sëlweren Anniversaire. Bei 50 Joer ass et dee gëllenen. Mer wäerte bestëmmt op mannst bis de 85. Gebuertsdag musse waarden, bis eng Léisung fonnt gëtt. Dat ass dann deen Anniversaire, deen nom radioaktiven Element Uran genannt gëtt.

Trainerwiessel: An der Bundesliga ginn d'Trainer mat enormer Vitesse vun enger Equipe bei di aner. Et waart een op dee Moment, wou am Match wann d’Säite gewiesselt ginn, den Trainer dann di 2. Halbzeit di aner Equipe coacht.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...