
Klimaaccord vu Paräis: Ech hat gemengt dat hätt mat Roland Garros ze dinn well dëst Joer d’Wieder geckeg gespillt huet a vill Matcher hu misste verluecht ginn a well jo och vum Klimabünd-tennis vu Paräis geschwat gëtt.
Revolutionnär Decouverte: Am Marokko sinn Iwwerreschter vum älsten Homo Sapiens fonnt ginn also vun eisem direkten Virfahren. Mer sinn u sech an engem Coup 100 000 Joer méi al ginn. D’Produzente vu Crèmen fir d’Falen an aner Verjüngungsproduiten sinn deemno ferm gefuerdert.
Sprangprëssessioun am Reen: D’Wieder war dëst Joer ganz schlecht an di meescht Leit haten Reemäntel u mat enger Kaputz. Zu Iechternach, wou jo d’Benediktinerabtei ass an de Hellege Willibrord jo e Benediktiner war, war ëmmer alles a benediktinescher Hand. Ausser elo um Dënschdeg; du hunn éischter d’«Kaputz-iner» dominéiert.
Kris tëscht dem Katar an de Nopeschlänner: Dës Kris koum e puer Deeg nodeem de President Trump an där Regioun war. Huet dat eppes mat him ze dinn? Wann de Qatar elo geschwënn ufänkt eng Mauer op senge Grenzen ze bauen da wahrscheinlech schonn.
Spiller vun de klenge Länner 2017: Zanter der éischter Editioun goufen di Spiller ëmmer all 2 Joer organiséiert wann d’Wieder am Prinzip gutt ass an dëst ni op engem Schaltjoer. Et sinn also ëmmer d’Spiller vun de «klenge Kal-enner» mä d’Länner sinn da ni kal…
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...