AUDIO: Flunkernews 24/17

Den Ausseminister op Kuba: Bei där Visite gouf mam Raul Castro driwwer geschwat en direkte Fluch Lëtzebuerg-Kuba regelméisseg z’organiséieren. De Jean Asselborn huet dem Kubanesche Leader gesot de Fluchhafen géif de Kubaner gutt passen. En heescht och Findel…Castro.

Politesch Renconteren: elo wou eng Staatsvisite vum Premier a China war, ass e gudde Moment, an der Mëtt vum Joer, fir e Bilan ze zéien. Den Hightlight war d’Visite vum Kate Middleton. De Minister Bausch huet sech ganz wuel bei der Prinzessin gefillt a wollt si ganz no bei sech halen. Hien ass jo de Nohalteg-Kates Minister.

Brexitdiskussiounen ab e Méindeg: Elo geet et also lass. Et si Leit déi behaapten datt d’Britten obwuel si fir de Brexit gestëmmt hunn elo probéieren wäerten den EURO ze kréien.

Russland Affär omnipresent: Den Trump ass elo och privat gehäit. Anscheinend ginn et grouss Problemer am Stot vum President. Den Trump soll sengem Melania ontrei gi sinn. Et weess een net mat wiem dat soll gewiescht sinn. Et schéngt awer kloer ze sinn datt eng Russin ass.

Tennistournoi : Am Turnéier an Holland wou de Gilles Muller dës Woch ganz gutt Leeschtunge bruecht huet, waren di 4 Halleffinalisten inklusiv de Gilles Muller, 4 vun de beschte Spiller vun der Welt um Ser-vice. Den Turnéier ass net fir näischt zu Ser-togenbosch.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...