AUDIO: Flunkernews 25/17

Wat e blöde Projet: Den Trump hält sech dru mam Bau vun der Mauer op der mexikanescher Grenz. Elo sollen Solarzellen dran integréiert ginn. Ass dat geduecht fir den «Migrante-strom» ze stoppen?

Eng Neiereung beim Federation Cup: Dëse Virbereedungstournoi op d’WM 2018 intresséiert weltwäit d’Leit net vill an d’Televisiounsquoten si ganz déif. Intressant ass just datt de Videobeweis getest gëtt. Dat huet och schonn de Virdeel datt op mannst garantéiert 2 Leit all Match kucken.

Schéi Wieder a Feierdeeg: Bei sonnegem Wieder an haaptsächlech op Feierdeeg verdéngen d’Garçonen ganz vill Drénkgeld. Si wëllen onbedéngt déi Deeg schaffen a hunn e gemeinsame Punkt mat eisem Tennischampion Gilles Muller op Wues. Alle béid gi si einfach keen Service of.

Fuddelen bei de Steieren: De Cristiano Ronaldo soll enorm Zommen der Steierverwaltung hannerzunn hunn. Den CR7 riskéiert dowéinst agespaart ze ginn. Seng Heemeschtsstad Madeira denkt driwwer no, nodeem si e Fluchhafen no him benannt huet, elo och e Prisong «Cristiano Ronaldo» ze nennen.

Riisen Iwwerraschung: Et hätt kee geduecht datt am Championnat vum Contre la Montre de Jempy Drucker de weltklasse Zäitfuerer Bob Jungels géif klappen. Fir den Drucker war et wéi Mäerchen; et war jo och zu Remerschen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...