William a Kate : Et gëtt esou vill iwwer di Hochzäit geschwat an ob de William dann elo e Brautrank unhuet a welche Rack d'Kate géif undoen ... Et muss ee bal op de Mount fléien, fir näischt iwwer dem Kate säi Rack ze héieren. An da brauch e nach eng Rack-Kate.

Ass d'Hochzäit vum Joer politesch? Et ass duerchgesickert, datt d’Gewerkschaften zesumme mat der Koppel den 29. Abrëll als Datum ausgemaach hunn, dëst net aus Léift, mä fir datt d'Englänner awer e laange Weekend solle kréien, well den 1. Mee op e Sonndeg fält.

D'Jeeër si roosen: E Samschdegmoie sinn d’Jeeër zu Lëtzebuerg op d’Strooss gaangen, well si géint dat neit Juegdgesetz sinn. 't ass däitlech besser, si manifest-Déieren dëse Week-end, wéi si schéissen op d’Déieren.

Politesch Problemer an der Belsch:
Duerch di politesch Kris ginn et enorm Problemer bei der Kannerbetreiung an d'Plazen an de Crèchë sinn ëmmer méi rar. Dat gouf ganz däitlech, wéi de Philippe Gilbert huet misste säi Kand esouguer mat op de Podium huelen.

Skandal beim Luxembourg Open am Dëschtennis: An der Final vum Dubbel huet den Iran e Mëttwoch Forfait géint Israel erklärt. Et ass net fir d'éischt, datt d'Iraner an d'Israeli refuséieren ronderëm en Dësch zesummenzekommen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...