
Economie: De Qatar wëll jo 33% vun eiser Cargo-Fluchgesellschaft iwwerhuelen. Kee Wonner dat de Qatar, deen Football-WM 2022 organiséiert, sech an eng Gesellschaft wëll implantéieren déi Car-gol-ux heescht.
Nei Deputéiert: D’Tessy Scholtes ass jo nei als Deputéiert vereedegt ginn. Laang hat si am Karaté e Genre Pyjama un. Et ass zimlech logesch, datt si elo an der Chamber ass.
Refugiéen zu Lëtzebuerg: Schengen a säin Accord si weltberühmt fir d’Opmaache vun de Grenzen. De Moment si jo 237 Refugiéen zu Lëtzebuerg a 9 verschiddenen Uertschaften ënnerbruecht. Firwat sinn eigentlech keng Refugiéen an der Symbolstat Schengen ënnerbruecht?
Relioun: De Jean-Paul II. ass zimlech séier séileg gesprach ginn. Et sinn der vill, déi froen, fir datt de Bin Laden nach méi séier aarm-séileg gesprach gëtt.
Rassismus am Sport: A Frankräich gëtt der "Fédération Française de Football" eng Zort Rassismus ënner anerem géint di schwaarz Spiller virgehäit. Et dierf een awer op kee Fall d'FFF mam KKK vergläichen, deen an de 50er-Joere wierklech an Amerika rassistesch a kriminell war.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...