Endlech Vakanz: Di Kubanesch Regierung huet decidéiert dat d’Kubaner elo endlech kinnten an d’Ausland goen fir Vakanz ze maachen. Fir d’Leit ze motivéieren nees zeréck ze kommen hunn d’Agencen d’Aller-Retour Ticketen méi bëlleg gemaach wéi den Aller simple.

Ongerechtegkeet: Et soll eng Fra am Iran gestengegt ginn well si accuséiert gëtt friem gaangen ze sinn. Hir Zwillingen sollen anscheinend vun 2 verschiddene Pappen sinn.

Filmfestival : Zu Cannes stinn d’Trapen, wou di chique Dammen eropklammen, all Dag am Mëttelpunkt. Firwat schwätzt een hei eigentlech esou vill vun Trapen; di meescht sinn dach gelift.

Kritik um Premier: De Premier gëtt kritiséiert well hien am Sennenger Schlass eng geheim Reunioun organiséiert huet vum Eurogrupp. T’ass wierklech keng  gutt Iddi gewiescht well d’Leit verwiesselen herno den Accord vu Senneng mat dem dem vu Schengen.

Preparatioun op di nächst Saison: Et gëtt sech elo an eisen Equippesportarten op di nächst Saison preparéiert. Mer hunn a muenchen Equippen vill net ganz selektionabel Spiller. Dat ass awer näischt am Verglach zu verschidden auslänneschen Equippen wéi zum Beispill am Verglach zum FC Lampedusa.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...