Oktav: Bei dëser Editioun vun der Oktav si méi Politiker beim Pilgerdag vun hirer Gemeng an d'Kathedral komm wéi soss. Wann d'Leit gesi wéi si d'Kräiz maachen, maachen d'Leit  vläicht am Oktober och e Kräiz fir si.

Neien starke Mann beim FMI: De Finanzinstitut muss séier e neien President ermëttelen. Et kënnt vill Arbëscht duer op den Vergewaltegungsrot vum FMI.

Visit vun der Queen an Irland: D'Iren sinn net esou frou dat d'Queen elo eréischt an Irland kënnt nodem si bal 60 Joer um Ruder ass. D'Leit fannen dat d'Queen, besonnesch wéi et den Iren schlecht goung,  ze laang geschlof huet. Si heescht och net fir näischt Elisabett.

Eurovisioun: Ech hu nach ni ee fonnt den
«Aserbaidschan» richteg geschriwwen huet. Wéi konnten dann esou vill dausende Leit fir den
Aserbaidschan voten fir dat dësen d'Eurovisioun gewënnt ?

Roland Garros: Kee Wonner datt Mandy Minella vun Esch an de Gilles Müller vu Schëffleng, also zwee Minetter,  di 2 bescht Lëtzebuerger waren am Tournoi vum Roude Buedem.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...