
Deauville: En Donneschdeg an e Freideg war tëscht den 8 gréissten economesche Muechten e wichtege Marathon ugesot an dat e puer Deeg virun eisem Marathon an der Stad. Zu Deauville war also schon den IN-G8 Marathon.
Nopeschfest 2011: E Prisong an den USA huet dat Fest a sengem Gebai organiséiert tëscht Zellenoperen. Bei eis an de Quartieren war et meeschtens an engem Zelt, do war et eben an enger Zell. D’Prisonnéier waren och fräi ze kommen, awer op kee Fall fir nees ze goen.
Dréchent: Wann an der Landwirtschaft d'Feelen u Waasser en décke Problem ass, da kënnt awer dogéint all Wiertschaft am Land gutt aus ouni vill Waasser.
Contador: De Spuenier huet bei senger zweeter Victoire beim Tour d’Italie nëmme Fleesch giess, wat gutt duerch war, wéi zum Beispill Kebab oder Gyros. Souwisou schwätzt hien elo nëmmen iwwer de Gyros d’Italia, éier hien eréicht am September muss iwwer de Beefsteak vum leschten Tour de France schwätzen.
Damme-Coupefinale: Et gëtt dem Dammefootball virgeworf, si wieren net weiblech genuch an eis Meedercher wéillten d’Jongen nomaachen. Dat stëmmt sécher net, och wa scho fir d'3. noenee Jong-lënster an der Dammefinale stoung.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...