Tour de Luxembourg: De Pro-log heescht esou well d’Resultat ëmmer log-esch ass an zwar huet natierlech de Cancellara gewonnen. D’Kinneksetapp heescht esou, well deen, dee wënnt, genee wéi e Kinnek, d’Bierger op der Streck, dominéiert.

EHEC: Di meescht Länner hunn natierlech, fir hir Bierger ze schützen, hir Importer vun Uebst aus Däitschland an aus Spuenien gestoppt. Ausser anscheinend d’Dirigenten aus Libyen a Syrien.

Bommenalarm an Ikea-Geschäfter: Et ass näischt Extraes geschitt. Et ass alt nees e Client, deen net eens ginn ass mat hiren onpräzise Beschreiwungen deen ugeruff huet, fir ze soen, datt hie säin Material nees zeréck géif bréngen a wann dat nach emol passéiert, da géif et knuppen.

Christi Himmelfahrt: De Sënn ass jo, datt de Jesus deen Dag zeréck bei säi Papp koum. E Mëttwoch, also en Dag viru Christi Himmelfahrt, war de Joseph, alias de Sepp Blatter, am 7. Himmel. Dat, wat do um FIFA-Kongress ofgelaf ass, war awer och guer net kathoulesch.

Traditioun: Vill Leit koume mat der Tap Air aus Portugal, fir d’Prëssessioun vun der Jongfra vu Fatima zu Wolz. Verschidde Vëlosfanatiker sinn deen Dag aus Portugal komm, fir di 1. Etapp vum Tour de Luxembourg ze suivéieren. Dës hunn d'E-Tap Air geholl.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...