
EHEC-Consignë vun der Santé an der Chamber: D’Ministeren an d’Deputéiert hale sech zimlech bedeckt mat präventive Moossnahmen. Et ass och net einfach fir si, eppes géint d’Uebst, d'Geméiss oder d’Kreider ze soen. Besonnesch fir d’Deputéiert, well si jo um Krautmaart sinn.
EHEC: Et sinn ze séier Geschäfstsleit oder Restauranten als schëlleg gesprach ginn. Et ass och eng Boyband, déi an engem grousse Restaurant zu Lübeck Concerte ginn huet, auseneen gaangen, well de Restaurant zougemaach huet. Et ass dat d’Enn vun de LübeckstreetBoys.
Sprangprëssessioun: E nächsten Dënschdeg, also 3 Deeg nom Nuetsmarathon, maache verschidde Gruppen, besonnesch mat eelere Leit, net de ganze Parcours zu Iechternach. Och hei ass also dëst Joer e Semi virgesinn.
Trennung vu Kierch a Staat: Dat ass bei eis en Thema, awer och a villen aneren europäesche Staaten. Et dierft net evident sinn, fir dat iwwerall ëmzesetzen - virun allem am Vatikan.
Vulkaner a Fluchverkéier: Elo ass et e Vulkan an Chile, dee fir grouss Problemer am Fluchtrafic responsabel ass. Et ginn ëmmer méi där Vulkaner op der ganzer Welt, di quasi de Fluchtrafic regelen. Et ginn och elo a verschidde Länner Vulkanlotsen agestallt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...