
F1: De spannendste Grand-Prix vun de leschte Joer gouf e Sonndeg am Kanada gefuer. De Gewënner huet hoerscharf d’Victoire konnte feieren. Et war ganz knapp. Kee Wonner, datt, wann et Knapp war, de Button gewonnen huet.
Energiefournisseur: Et ass keng Iwwerraschung, datt Enovos, Fournisseur vu Stroum a Gas, a ganz décke Sponsor vu Leopard-Trek, vläicht wëlles huet, och den 3. Lëtzebuerger am Tour de Suisse bei sech ze huelen. Enovos a Gas-tauer dat passt einfach gutt.
Gemengewahlen 2011: D’Auslänner krute nach emol matgedeelt, fir sech an de beschten Delaien op d'"listes électorales" anzedroen fir d’Gemengewahlen am Oktober. Si mussen dat schrëftlech maachen; mëndlech geet net duer, obwuel et "liste élect-orale" heescht.
Problemer bei der Post: Fir datt et besser bei der Post leeft, ass decidéiert ginn, datt méi Broschüren a Bréiwer recto verso solle gemaach ginn an datt deemno manner Pabeier muss traitéiert ginn. D’Postleit ware souwisou nach ëmmer frou fir d’Bréiwer ze dréinen, dofir heesche se jo och Bréifdréier.
Wimbledon: Eis Damme goufen an der Qualifikatioun fir Wimbledon eliminéiert a sinn och net frou, datt di Woch d’Iessen esou geschmaacht huet wéi an enger schlechter Mensa. D’Organisateuren soen, dat wier nun emol esou bei enger Qualifi-kantin.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...