Nationalfeierdag: Béiss Zonge behaapten, datt d’Zeremonie vum Te Deum esou langweileg ass, datt di 101 Kanouneschëss dono ofgefeiert ginn, fir d’Leit nees waakreg ze kréien.

EHEC
: An Däitschland ass jo d’EHEC-Kris an der Ëmgéigend vun Hamburg ugaangen. Elo ginn et ähnlech Fäll am Frankräich, wou Kanner infizéiert goufen, di gehacktent Fleesch giess hunn. Et ass vun Hamburg ausgaangen an elo si mer bei den Hamburger ukomm ...

Bréck nom Nationalfeierdag: De Grënner vun DuPont Lëtzebuerg ass den 24. Juni 1771 gebuer an huet Eleuthère Irénée Du Pont de Nemours geheescht. Eigentlech misst di Entreprsie DuPont scho bal nom Nationalfeierdag d’Bréck maachen.

Grouss Manif géint de Sozialofbau an der Stad:
Fir d’Organisateure ware 15.000 Leit do, fir d’Police waren et der 7.500. D’Miessapparater vun der Police solle laut Gewerkschaften net stëmmen: D’Police huet sech nämlech ëm 500 Promille geiert.

National Meeschterschaften am Vëlo:
Zu Lëtzebuerg gewënnt de Christian Poos d’Zäitfueren. A Frankräich ass et mam Jeannie Longo, 52 Joer aal, eng Athletin, di an der Méno-Poos ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...