Neien Agrozenter: Di Responsabel haten no enger Etude de Choix tëscht zwou Plazen am Ausland. "Perl" heifir an Däitschland oder eng landwirtschaftlech Gemeng am Chile di "Pica" heescht. Wéinst der Distanz war et kloer. Perl oder Pica? Do ass et Perl ginn.
Biergerkrich a Syrien: D’Fliger vum Baschar al-Assad senger « Brigade Aérienne d’Appui et de Protection » oder BAAP genannt, gräifen d’syrescht Vollek un. Kee Wonner, datt der vill an d’Nopeschland Tierkei flüchten, well do gëtt et Kee-BAAP.
Manner Zaldoten am Afganisthan: De Barack Obama wëll an nächster Zäit Zaldoten aus Afganistan zeréckzéien. D’Marines an d’GIs freeë sech. De President wollt awer just manner Zaldoten vun Al Qaïda am Afganistan hunn.
Wimbledon: Den Tournoi vun deene Jonke gëtt nom Tournoi vun de Senioren gespillt. No der Härefinale e Sonndeg ass de grénge Wuess esou gutt wéi verschwonnen. Wa kee Wues méi do ass, dann ass et un de No-Wues Talenter.
Football-Europa League: Käerjeng huet e ganz gutt Resultat géint Häcken Göteborg aus Schweden reusséiert. De Lëtzebuerger Goal huet de Fransous Stéphane Da Cruz maréiert. Decisiv war also e Fransous géint Häcken an net en Heckefransous.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...