Problemer beim LCGB: Um ale Logo vum LCGB waren 3 “Blosen “drop. Op dem neie Logo, de virun ganz kuerzem virgestallt gouf, ass nëmme méi eng “Blos “ drop. Ass dat de Fall well de Marc Spaus an den Aly Kaes "ewechgeholl" goufen.

Regierungskris: Well de Bart De Wever carrément alles blockéiert fir keng Regierung ze kréien hunn d’Wallounen decidéiert di éischt Lektioun vum engleschen Unterrecht ze veränneren: Soss stoung do “The Weather is fine” elo fänke se di éischt Lektioun un mat  “De Wever is not fine”.

DSK: Et ass elo och een aus der Schwulenszene dee behaapt huet datt de Strauss Kahn hien hätt wëllen vergewaltegen. An där Szene léisst sech de Politiker allerdéngs KSD nennen. Ass dat de Fall well ee vun hanne kënnt ?

Tour de France: Endlech ass erauskomm wéi di Fra am gielen Trikot heescht, déi bei der éischter Etapp een Deel vum Peloton zum Faale bruecht huet. Et ass eng Englesch Fra an de Numm ass « Bri-gette LEPELOTON ».

Gudde Niveau bei der Football WM vun de Fraen: Et ass ëmmer méi schwéier en Ënnerscheet ze gesinn ausser bei de Fräistéiss. D’Männer halen an der Mauer d’Hänn virun hirt bescht Stéck an d’Fraen halen d’Hänn méi héich well si fäerten dat d’Mauer brëscht.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...