Medienëmfro a Frankräich: 40% Prozent vun alle Leit déi am Juli am Frankräich virun der Tele sëtzen, kucken den Tour bei France 2 a France 3. Punkto Audience raumen si of; wéi och an der 9. Etape. Do hat hiren Auto 40%, vum Grupp vun de 5 di fort waren, ofgeraumt.

Maternité zu Woolz: Dës soll kuerzfristeg aus finanziellen Iwwerleeungen zougemaach ginn mee d’Leit hu sech op enger Manif gewiert. Kee Wonner datt grad den LCGB hei ganz engagéiert war. Och dësen ass finanziell an enger Kris a wëll eppes wéi eng Neigebuert.

D’Spuerkees huet de Stresstest gepackt: D’Ratingsagencen hunn d’BCEE mat engem exzellenten AA+ notéiert. A Griechenland dogéint ginn d’Finanzen agefruer. Heifir mussen si, laut Ratinsagencen, Déifkilltruhen vun der Classe  A++ hunn. Kee Wonner datt sech di Lëtzebuerger Kommissärin Viviane Rating géint d’Amëschen vun dëse Agencen wiert.

Recyclage: Nodem elo a ganz ville Gemengen d’VALORLUX Tuten benotzt ginn fir ze recycléieren probéieren si an der Stad Tuten vun der Marque PROSTI auszedeelen fir d’Kondomer ze recycléieren. Bei der Gare fënnt een geschwënn op all Eck eng PROSTI-Tut.

Frae WM: Hei goufen vill Clichéen annuléiert vis-à-vis vun de Fraen. Esou Clichéen wéi d’Fraen sollen hannert hirem d’Kachdëppen oder hirer Pan bleiwen a sollen sech ëm d’Kanner këmmeren. Et ass dann Zoufall datt grad Ja-Pan an  d’Ameri-Kanner an der Finale sinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...