D'USA hu vill Scholden: De President Obama sot, datt - ob Republikaner oder Demokraten - all d'Stéit an dëser schwéierer Situatioun mussen zesummen halen. Da kann een eréischt soen, si wieren d'«United Stéits of Amerika».

D'Serben um Wee an Europa: Si hunn hir Krichsverbiecher un d'Geriicht zu Den Haag ausgeliwwert. Wann si nach den Kadhafi an de Bachar El Assad ausliwwere géifen, da géifen si esouguer an den SerBen-nelux opgeholl ginn.

D'Vakanzenzäit ass d'Zäit fir sexy Fotoen: Dem Poopst Ratzinger seng Fotografen, déi elo beim Vatikan Congé hunn, si bekannt fir knackeg Fotoe vun de Staren op der Plage ze huelen. Bal an all Magazin si Fotoe vun de «Papa-Ratzi» Fotografen...

Super Schlecken: Et waren enorm vill Lëtzebuerger a vill Béierkëschte beim historeschen Doublé vun de Schlecken op der héchster Arrivée vum Tour. Et goufe bestëmmt och ganz vill Fläschen gedronk um Gali-Bier.

TDF an Italien: Wéi d'Equippe vum Tour an Italien ukoumen, ass eng Equipe ganz serieux kontrolléiert ginn an zwar di italienesch Equipe vum Damiano Cunego. Zimlech vill Auslänner sinn nämlech an der Equipe «Lampredusa».

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...