Schleckmania: Et ass de Wahn, ze gesinn, wéi vill Kanner froen, datt den Andy an de Fränk hinnen eng Ënnerschrëft hannerloossen. Vu datt sech alles ëm de Cyclissem dréit, gouf elo proposéiert, datt d’Signature elo Vëlogramm solle genannt ginn an net méi Autogrammen.

Congé collectif: D'Vëlofans wëllen de Congé Collectif vun 3 Wochen den Datume vum Tour upassen, also bis de Gala Tour de France. Di portugisesch Matbierger wëllen éischter nom Gala hire Congé. Egal wéi si Portugal an de Gala ëmmer Plazen, wou Enn Juli Dausende vu Leit higinn: Et ass e regelrechte Portugala ...

Europa League: Olympiacos Volos gouf jo a Griicheland am Wettskandal bestrooft, well de Club Resultater arrangéiert hat. D'Equipe, déi dat also gewinnt ass, hat gemengt et wier festgeluecht 03 ze spillen géint den FC Déifferdeng 03.

Formule 1: Vum nächste Joer u kinnt et e Grand-Prix vum Tibet ginn. Et gëtt elo vill driwwer geschwat, well dës Course de Grand-Prix vun Ungarn zu Buddhapest vun dësem Week-end géif ersetzen.

Terroristen am Prisong: D’Terroriste profitéiere vun der Vakanzenzäit, fir hir Membere fräizekréien. Si schécke Postkaarte mat Timberen, wou d’Zacke ganz schaarf sinn. Et sinn also keng Postkaarten mat Sehenswierdegkeeten. mä éischter fir un de Staange vun hirer Zell ze seeën.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

Mä elo am August ass mol Summerpaus! Also schéi Vakanz, mir gesinn, liesen an héieren eis am September!