AUDIO: Flunkernews 18/18

Trump a Waffe-Lobby: Elo de Week-end huet den amerikanesche President op der NRA Konventioun nees gewisen datt hien d’Waffeproduzenten ënnerstëtzt. Hien an d’Waffeproduzenten soen jo d’Waffen wieren net geféierlech. Firwat duerften dann d’Leit, déi beim Trump senger Ried present waren, keng Waffen bei sech hunn…

Spektakuläre Stuerm um leschte Week-end: Op ville Plazen am Land sinn déck Knëppelsteng gefall; di eng Steng méi speziell wéi di aner. Zu Rëmeleng gouf nom Stuerm annoncéiert datt ee Stee fonnt gouf deen esouguer vun enge Dinosaurier staamt.

Fridden a Sport: Op der Dëschtennis WM hu Nord- a Südkorea refuséiert an der Véierelsfinall géinteneen ze spillen. Si testen elo an der Halleffinall fir eng unitär Equipe op d’Been ze setzen. Viru Kuerzem nach waren et Rakéiten-tester an elo sinn et glécklecherweis éischter Racketten-tester.

Neit Gesetz fir d’Cyclisten: Si kënnen elo niewenteneen op der Strooss fueren. Et sinn deemno och schon Tandemmen an der Maach wou ee Cyclist nieft dem aneren sëtzt.

Wireless ass In: An dëser Joreszäit ass dat nees en Thema well jo ganz vill Leit reegelméisseg hire Wuess musse netzen. Et ass allerdéngs schéi komplizéiert e kabellose Waasserschlauch ze fannen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...