Skandal am Kontext Staatsrot: Di Deeg ëm Christihimmelfahrt war et e risen Thema. Christihimmelfahrt ass jo symbolesch fir d’«Chrëschten» och d’Erreeche vum héchsten Zil. Fir di Gréng Affekotin, déi als Zil hat an de Staatsrot ze kommen, war et dës Deeg alles anescht wéi eng «Christen»-himmelfahrt.

Kierchefong: De President vum Fong ass jo den Norbert Haupert. Vill Leit froe sech, wat dann elo mat de Sue passéiert, déi d’Massendénger während de Masse sammelen. Kommen dës och an den neie Fong? Wa jo, da misst een d’Massendénger jo bal «en-fong de choeur» nennen…

Chaos an Italien: Et riskéiert do eng Regierung ze ginn, wou deen ee Koalitiounspartner géint d’Flüchtlingen ass an deen anere keen «Euro» méi wëll an esouguer aus der EU eraus wëll. Déi eenzeg Method, datt d’Italiener nees vernënfteg ginn, ass hinne kloer ze maachen, datt mat där Regierung et net nëmmen am Juni keng «WM» gëtt mä an Zukunft och keen «Euro».

Nordkorea mat däitlechen Zeechen: De Nordkoreanesche Leader wëll a noer Zukunft amerikanesch Entreprisen a säi Land kréien. Hien ass jo e Fan vu Fast Food. Elo huet hie jo 3 amerikanesch «Bürger» eraus gelooss. Geschwënn wäert hien e puer Bürger a säi Land loossen an zwar: Hambürger, Cheesebürger a Fishbürger…

Videobeweis am Fussball: Di éischt Saison ass bal gelaf zanter de VAR am Asaz ass. Allegemeng ass de Bilan net immens, virun allem well et ganz laang fir d’Tëleszuschauer dauert, bis eng Decisioun fält. Zum Gléck hunn d’Fussballspiller vill Biller a Schrëften tätowéiert. Esou huet een, bis d’Decisioun fält, eppes ze liesen.

AUDIO: Flunkernews 19/18

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...