AUDIO: Flunkernews 21/18

Decisiv Matcher am Fussball: Dës Woch waren an de verschiddenen Divisiounen d’Matcher fir dran ze bleiwen oder ofzesteigen. Dëst war grad an der Woch wou di Hollännesch Kinnekskoppel bei eis war. D’Hollänner si jo bekanntlech di absolut Spezialisten fir Barrage ze bauen well hirt Land esou platt ass. A grad déi Woch waren d’Barragematcher.

Elektroautoen: Et ass ëmmer méi en Thema. Op ville Plazen fënnt ee reservéiert Plazen fir dës Autoen. Op deenen selwechte Plazen fënnt een och richtecherweis Behënnerteparkplazen. Ech hunn allerdéngs nach ni eng reservéiert Elektroautoplaz gesinn fir behënnert Leit…

Sprangprëssessioun: Schoulfräi oder net; dat ass fir d’Zukunft di grouss Fro. Firwat sech net vum Nuetsmarathon inspiréieren an d’Sprangprëssessioun Owes maachen. Domadder wier de Schoulproblem geléist. Et muss een awer do bestëmmt d’Erlaabnis froen vum François, net vum Poopst François mä vum Erich François.

Kinneksvisite: Di zwou Monarchien stame jo vun der Nassau Famill of. Grad deen Dag wou di Hollännesch Kinnekskoppel koum, gouf méi iwwert d’Aussoen vum Äerzbëschof geschwat am Kontext Sprangprëssessioun. Muench Monarchie Supporter waren dowéinst enttäuscht an hu vun Nas-Sauerei geschwat.

Auditioun vum Mark Zuckerberg: De Chef vu Facebook an d’EU Parlament hunn eng ganz gespaanten Situatioun. Si passen esou schlecht zesummen wéi Zocker an Salz. Dat ass nun emol esou wann den Zucker-berg zu Brus-sel ass…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...