AUDIO: Flunkernews 22/18

Referendum an Irland: D’Ofdreiwung, also d’Stoppen vun enger Schwangerschaft wou eng Eezell befrucht ginn ass, gouf legaliséiert. Dat schéngt awer net anormal ze sinn an engem Land wat Eier-land heescht.

D’Steewollfabrik net bei eis: Anscheinend wollt dës Entreprise och Sponsor ginn am Sport an zwar am Stee-volleyball. Dat wiere bestëmmt Diskussiounen ginn mam Parasport. Si hätten zwar wahrscheinlech de Stee-volleyball gesponsert awer net de Sëtz-volleyball.

Flashback: D’Renconter Trump-Kim wéinst der Rakéite Problematik erënnert een un d’Kris vun de Rakéiten op Kuba am Joer 1962. Deemools hätt et kënne Krich ginn. D’Rakéiten gesi jo aus wéi eng Zigar a waren deemools och am Land vun den Zigaren stationéiert. Den 12. Juni kann di aktuell Situatioun entschäerft ginn zu Zigarpur.

Skandaléiss Taxen: Stol an Alumium sinn Metal-Alliagen. Wann de Taux vum Alliage méi wéi 5% ass dann ass et zum Beispill en "Acier Allié". Dem Trump seng Taxen si wäit iwwer 5% mä hien huet quasi keng Alliéen méi.

Beonrouegend italienesch Regierung: Di zwou onkonventionnell Parteien sinn absolut géint d’Austeritéit an hirem Land. Wéi kann een da nëmme géint d’Austere sinn? Et ass ee gespaant wéi dem Conte seng Regierung um Sommet vun den 8 haapt industriellen Natioune wäert agéieren an zwar um G-Huîtres.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...