AUDIO: Flunkernews 23/18

Roland Garros: Et fënnt ee vill Literatur iwwert dësen Tournoi. Kee Wonner Tennis a Literatur passen zesummen. All Saz am Tennis hält nämlech, wéi an de Bicher, mat engem Punkt op. No 2 Jeuxen ginn d’Spiller sech sëtzen a wéi beim Liesen gëtt no ronn 90 Sekonnen d’Säit gewiesselt.

Saudi Arabien: Endlech dierfen d’Fraen elo do den Führerschäin maachen. Ee bis elo onbemierkte Problem vun der Polygamie kënnt op an zwar mussen vill Männer bis zu 4 Autoen pro Stot kafen. Domm gaang…

G7 a Kanada: Den Trump huet virum Sommet annoncéiert hie wéilt Russland dobäi hunn. Wahrscheinlech wëll hien och geschwënn China ronderëm den Dësch kréien. Da wier et G9. Nom 12. Juni zu «Singapur» proposéiert hien dann vläicht Nordkorea, da wier et carrément e «G 10gapur».

Endlech e neit Déiereschutzgesetz: Et ass vläicht gekoppelt ginn mat dem wat iwwerall promouvéiert gëtt an zwar datt manner Iess-reschter an Dreckskëscht solle fléien. Jiddereen ass deemno zefridden datt d’Déieren mam neie Gesetz méi Re(s)chter wäerte kréien…  

Réiser Päerdsdeeg: Et ass en international héich kotéierten Reittournoi vum 7. bis 10. Juni. Et ass och komesch datt grad op "Mammen"dag de Sonndeg den haapt Dag vun de "Père"sdeeg ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...