AUDIO: AUDIO: Flunkernews 24/18

WM: Den éischten Topmatch a Russland, dee béid Equippen wochelaang preparéiert hunn, war Spuenien géint Portugal. Een Dag virun der WM hunn d’Spuenier hiren Trainer erausgehäit an et gouf dowéinst eng eemoleg Situatioun. De portugiseschen Trainer huet di spuenesch Equipe besser kannt wéi de neie spueneschen Trainer.

Suite vun de Stroftaxen: No Europa, Kanada a Mexiko ass elo och China un der Rei. Et gëtt vun deene Länner dru geduecht d’Amerikanesch Lidder ze taxéieren. Fir all Strof vun engem Lidd muss een eng Taxe bezuelen. Da wieren d’Amerikaner och schéi geplot mat de Stroftaxen.

Sommet zu Singapur: Op de Pressekonferenzen huet een di westlech an déi nordkoreanesch Journalisten gesinn hir Mikroen stellen fir kënnen live ze senden oder opzehuelen. D’Nordkoreaner wousste net, datt een als Journalist, de Mikro net nëmme kinnt stellen mä och domatter kinnt Froe stellen.

Ze séier a vill ze no: Ganz vill Leit fannen dat ganz louche datt dat esou séier goung mam Rapprochement tëscht den USA a Nordkorea. Muenchereen soll och schonn um Amerikanesche Fändel e Stär méi gezielt hunn.

Meenungswiessel: Nom G7 Sommet hat den Donald Trump am Fliger seng Meenung am Kontext Accord geännert, well hien immens rose war no enger Ausso vum Justin Trudeau. Am Fliger war Kerozène (kee rosen) mä am Fong war am Fliger „Jiddereen rosen“.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...