AUDIO: Flunkernews 25/18

Fändelen wärend der WM : Dëst zielt awer och fir eis op Nationalfeierdag. Ëmmer méi Chauffeuren fixéieren Fändelen op hir Autoen awer net ëmmer op legale Plazen. Dacks ginn dës Chauffeuren kontrolléiert an et gëtt an engems en Alkoholtest gemaach. Et ka sinn datt si keen Alkohol gedronk hunn mä si kréien awer e Protekoll well si e Fändel hunn.

Plazen fir d’Elektroautoen ze lueden: En Doudewon stoung d’lescht op enger Plaz fir Elektroautoen a gouf vun engem Elektroautochauffeur opgefuerdert ze réckelen well seng Autosbatterie bal platt wier. De Chauffeur vum Doudewon huet refuséiert a sot hie wier richteg do well et wier jo eng Plaz fir d’Lueden.

Stroftaxen: De Moment ass et tëscht Amerika a villen aner Länner. An di eng Richtung gëtt elo de Stol taxéiert an di aner Richtung de Bourbon oder och verschidden Hamen. Vläicht féiert Groussbritannien nom Brexit och esou Taxen an? Eis ierfgroussherzoglech Koppel huet Recht elo op London studéieren ze goen; net datt d’Britten herno och de Bourbon-Parme taxéieren.

Keng Hooligans: Et héiert ee guer näischt heiriwwer op der WM. Et gëtt gesot datt di russesch Police hinnen dréit awer mat enger Strof déi mat Fussball ze dinn huet. Wann d’Supporter sech donieft behuelen da gi si an e Goal-lag ageliwwert.

Iranesch Fraen op der WM: An hirem Land dierfen si net op d’Tribünen d’Matcher kucke goen wat e Skandal ass. Di ganz Welt huet dat den iraneschen Autoritéiten virgeheit. D’Ausried vun der iranescher Federatioun ass datt et net geet well ee jo vun «Football Stadihomme» schwätzt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...