
Iwwerraschungen op der WM: Et gesäit ee jo reegelméisseg Autoen mat Fändelen an aner Dekoratiounen a Schwaarz, Giel a Rout. Ech hu mech den éischte Moment ëmmer gefrot ob dat Belsch Supporter waren oder Däitscher. Déi Fro brauch een sech elo mol net méi ze stellen…
Wien ass viru wiem? Wann een op der WM no der Virronn di selwecht Zuel u Punkten hat, dat selwecht Golerverhältnis dann huet ee missten kucken wien manner giel Kaarten hat wéi tëscht Japan a Senegal. Di nächst Etapp wier gewiescht wien manner tätowéiert Spiller huet.
Wahlen an der Tierkei: Et ass jo scho laang gewosst dat den Erdogan gewonnen huet. Okay; mä wie krut di meescht Stëmmen?
Militär a Policeparad um 23. Juni: Di ganz vill Prominent hunn se appréciéiert. Verschiddener vun hinne waren allerdéngs e bëssen erféiert wéi d’Police an d’Militärthënn och dobäi gestouss sinn a méi no bei si koumen. Net datt nach ee vun de villen Prominenten mededizinesche Cannabis an der Täsch hat.
Flüchtlingsdiskussioun: Eis intresséieren méi déi déi forcéiert sinn aus hire Länner fortzelafen well et immens geféierlech ass. Aus den USA ginn et awer zanter de Stroftaxen och eng nei Zort Flüchtlingen. Dës kommen op den Harley Davidson a wëllen sech an Europa installéieren...fir keng Taxen mussen ze bezuelen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...