
Visite vum Premier zu Seoul: Et ginn e puer gemeinsam Punkten tëscht Korea a Lëtzebuerg. Genee wéi et Süd- a Nordkorea gëtt, gëtt et bei eis d’Gutland an d’Éisléck. Seoul ass am Nordwesten vu Südkorea. Bei eis ass Saeul am Nordwesten vum Gutland.
Gehaast a beléift: Den Harry Kane ass bestëmmt de Moment de beléifsten Englänner an de Chris Froome bestëmmt de gehaassten. De wäisse Kenianer gouf nämlech bei der Presentatioun vun den Equippen beim Tour ferm ausgepaff. Et ass de Moment definitiv méi einfach de Kane ze sinn wéi de wäissen Kane-ianer.
2 Deeg ouni Fussball: Et war jo eng länger Paus tëscht den Aachtels- an de Véierelsfinallen nodeem een deeglaang permanent Fussball gekuckt huet. Di 2 Deeg ouni Matcher hunn ech automatesch bei de Filmer op der Télé opgepasst welch Taktik d’Schau-spiller hätten; e
4-4-2 oder e 4-2-3-1…
WM an Eliminatioun: Däitschland war besonnesch blamabel eraus geflunn. D’Spiller hunn esou loschtlos ausgesinn. Elo ass erauskomm datt Verschiddener op der Ersatzbänk anscheinend scho wärend der 2. Halbzeit géint Korea den Online Checkout vum Hotel gemaach haten.
Duuscht op der WM : Et gëtt esou vill Alkohol gedronk bei de Supporter an allgemeng och bei der Populatioun, datt Verschiddener soen et wier ubruecht, virun allem elo, d‘Land nees Soff-jetunioun ze nennen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...