
D’Finall um Ecran: Millioune Leit kucken d’Finall vun der WM zesummen mat villen aneren. Et ass opgefall datt d’Fransousen ëmmer vun Écran Géant schwätzen a ni vu Public Viewing. Et géif wahrscheinlech géint Modr-ic, Rakit-ic, Mandzuk-ic a Co. ze vill kroatesch kléngen vu Publ-ic Viewing ze schwätzen.
Bankomater erausgespréngt : No Nidderaanwen an Heischent war elo am Parc Housen den 3. Bankomat un der Rei. Et gëtt dru geduecht d’Bankomatapparater an d’Kierchegebaier z’installéieren well do d’Maueren immens déck an zolit sinn. Di ganz Gleeweg sinn och dofir well deemno wéi kritt een do beim Geldophiewen en Hellege-schäin…
NATO Sommet: Obwuel den „tierkeschen“ President Erdogan alles gemaach huet fir um Sommet och am Mëttelpunkt ze stoen gouf eigentlech vill u säi Land geduecht well eisen ex Premier „getierkelt“ ass.
Keen RMG méi mä Revis: Um NATO Sommet huet eise Premier dem Trump erkläert datt et schwéier wier de Minimum vun 2 Prozent vum PIB fir d’Depensen fir d’Nato anzehalen. Bis elo hate mer zu Lëtzebuerg den RMG « Revenu Minimum Garanti». Elo ass et de Revis an et ass fir vill Leit net méi garantéiert wéi et weider geet.
Russesch Geheimagenten: Eng Dosen russesch Geheimagenten sollen d’Mailen vun den Demokraten an der US-Wahlcampagne gehackt hunn. Dat weist am Fong d’Conscience Professionnelle vum russesche President. Virun de Wahlen vun dësem Joer am eegene Land, wou méi wéi wahrscheinlech gefuddelt gouf, wollt hien dat fir d’éischt an engem anere Land testen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...