AUDIO: Flunkernews 29/18

Osteopathen endlech unerkannt: Si kréien e legalen Kader obwuel 5 Deputéierter net matgestëmmt haten. D’Association luxembourgeoise des Ostéopathes ”ALDO” freet sech obwuel d’Deputéiert net “all do” waren…

Exzellenten Accord mat Japan: Di Europäesch Kommissioun an hire President sinn houfreg dësen Handelsaccord ënnerschriwwen ze hunn. De President Juncker huet dat fäerdeg bruecht trotz enger schroer Sciatique. Verschiddener soen deen Accord mat dem Asiatesche Land wier en historeschen Accord «A-Sciatique».

Frankräich ass Weltmeeschter: D’Leit bei eisem Noper ware komplett aus dem Haischen an hu sech total mat der Equipe identifizéiert. Wou et e bëssen iwwerdriwwen ass ass dat Verschiddener sech elo op hiren CV geschriwwen hunn si wieren Weltmeeschter.

Sommet Trump-Putin vun Helsinki: Et gëtt zanter Deeg nëmmen iwwer dem Trump seng Feeler, Widderspréch, Verspriéicher answ. geschwat. Verschiddener froen sech ob den Putin iwwerhaapt do war.

Ausnamezoustand endlech fäerdeg: Kënnt nees Normalitéit an der Tierkei op? Gëtt et geschwë nees esou eppes wéi Pressefräiheet? Liicht beonrouegend ass awer d’Tatsaach datt verschidden Journalisteformatiounen direkt an engem Prisong sollen ofgehale ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...