AUDIO: Flunkernews vum 28. Juli vum Serge Olmo

Algen am Stau: De gréngen Teppech um Waasser ass absolut net agreabel. Munchereen, dee mengt, hie géif eppes vun Ekologie verstoen, seet, datt esou grénge Stroum géif produzéiert ginn.

Längst Mounddäischtert vum Joerhonnert: Dës konnt op ganz ville Plazen op der Welt gekuckt ginn an dat ouni speziell Apparaturen. Just den Trump hat e spezielle Protektiounsbrëll ugedoen.

Renconter Juncker/Trump gutt ausgaangen: Am Virfeld hate vill Leit Angscht, datt déi Entrevue géif schif ausgoen. Net onbedéngt, datt déi 2 sech net eens géife ginn, mä et gouf gefaart, den Trump géif iwwerdriwwe kollegial reagéieren an de Kommissiounspresident drécken an zéien, soudatt dem Jean-Claude Juncker seng Sciatique nees géif ausbriechen.

Ozonwäerter: Wéinst den héijen Wäerter mussen d’Autoe bei eis zäitweis méi lues fueren. Bei der Tour de France ass dat net esou. Si rennen do monter weider. Ass dat de Fall, well si hei en Maill-ozon hunn?

Tréinegas am Tour: Et gëtt gesot, et war fir d’Manifestanten ze verdreiwen. A Wierklechkeet wollt d’Antidoppingagence d’Tréinen vun de Coureure recuperéieren, fir eng net ugekënnegt Anti-Doppingkontroll ze maachen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...