
Liesen, lauschteren, laachen - mam Serge Olmo!
Laachmännercher: Et fënnt een op ëmmer méi Plazen nieft der Strooss Laachmännercher, déi confirméieren, datt een di regulär Vitess anhält. Di lescht Deeg gesäit een op den Trottoire vun eise Stroossen ëmmer méi Fotoe vu Personnagen, déi laachen. Ass et well ee seng Vitess anhält? Wahrscheinlech ass et awer éischter wéinst de Walen …
Skandal bei der Partei «Demokratie»: Verschidde Kandidate sollen net gewosst hunn, datt si op der Kandidatelëscht sinn a si wieren ugeschmiert ginn. Bei der Partei «Demokratie» ass et vläicht wéi bei den Organspender. Wann een net spezifesch seet, datt een net wëll Kandidat bei hinne sinn, dann kann een et automatesch ginn.
Fouer a Politiker: D’Politiker, déi all a ville Kommissioune sinn, konnte bei der Ouverture op d’Attraktioune vun der Fouer goen, ouni Stongen ze kafen. Ass dat de Fall, well si genuch Jetone vun hire verschiddene Kommissiounen hunn?
D’Auere ginn an Zukunft net méi geréckelt: Verschiddener sinn iwwer Joren esou konditionéiert, datt si de leschte Sonndeg am Oktober an de leschte Sonndeg am Mäerz um 2 Auer nuets och an Zukunft nach opstoe wäerten, fir d’Auer 24 Stonnen no vir respektiv 24 Stonnen no hannen ze réckelen …
Chemnitz: Et ass esou eppes vun traureg, datt di extrem Riets géint d’Auslänner manifestéieren an haaptsächlech géint d’Awanderer aus arabesche Länner. D’Oberbürgermeisterin Barbara Ludwig fillt sech natierlech immens concernéiert, och well Barbara vun hannen no vir Arab-ra gelies gëtt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...